Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.
JANS ass e Familljebetrib mat Traditioun, deen am Joer 1991 vum Claude Jans gegrënnt gouf an zanterhier iwwer 800 Gebaier realiséiert huet. Etabléiert a spezialiséiert an de Beräicher Privatbau, Industrie a Commerce ass JANS um Lëtzebuerger Immobiliemaart net méi ewechzedenken.
Héchst Qualitéit an individuell Betreiung ginn am Betrib groussgeschriwwen – dat schonn zanter iwwer 30 Joer.
2017 hunn dem Claude seng Jongen, de Marc an de Steve Jans, de Betrib iwwerholl an zesumme 7 Joer laang d’Geschécker geleet. Fir sech den Dram vum eegene Vëlosbuttek ze erfëllen, huet et de Marc am Summer 2023 an d’Schwäiz verschloen.
Zanterhier këmmert sech de Steve ëm de Familljebetrib a baut en zesumme mat engem staarken Team ëmmer weider aus. Handwierklech Prezisioun, Nohaltegkeet, Innovatioun a Service um Client stinn dobäi genee esou am Fokus wéi Respekt, Vertrauen a sozial Verantwortung de Mataarbechter géigeniwwer.
Laangjäreg, experimentéiert Kolleegen esouwéi jonk an dynamesch nei Käpp stinn am nämmlechte Mooss fir d’Wäerter vu JANS an droen se Dag fir Dag weider.
JANS ass „Made in Luxembourg“ a realiséiert zanter Generatiounen Immobilien aus enger Hand. E faire Loun an eng sozial Verantwortung géigeniwwer de Mataarbechter maache fir eis de Grondstee fir eng gelongen Zesummenaarbecht aus.
En Erfollegsrezept läit an der Kombinatioun aus experimentéierten (vun deenen e puer zanter der Grënnung mat u Bord sinn) a jonke Mataarbechter, déi JANS mat kreativen an innovativen Iddien no vir bréngen.
Jonk, kreativ a motivéiert Mataarbechter waarden drop, fir dech an engem Bauprojet z’ënnerstëtzen, ze beroden an ze begleeden.
E puer vun hinne si scho méi wéi 20 Joer dobäi, anerer droe mat frëschen Iddien a Kreativitéit hiren Deel bäi. Egal wat s du dir virstells – mir hunn de richtegen Uspriechpartner fir dech.